


Slide-Show Expo
Stade de Luxembourg
Déi nei Heemecht vun de “Roude Léiwen”, esouwuel fir de Foussball a Rugby, bitt Plaz fir 9.471 Zuschauer: 8.708 Standard, 512 VIP, 27 VVIP, 174 fir d’Press a 50 Plaze fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. Den éischten offizielle Mätsch gouf den 1. September 2021 gespillt a Lëtzebuerg huet 2:1 géint den Aserbaidschan gewonn. De Mica Pinto huet an der aachter Minutt den éischte Gol geschoss.
„Das Runde muss ins Eckige“
An engem Interview sot de Schalke-Trainer Helmut Schulte (Saison 1993/1994) “Ball rund muss in Tor eckig” an doraus ass d’Zitat “Das Runde muss ins Eckige” entstanen. Egal wéivill Leit an der Arena sinn, egal wéi d’Konditiounen un a ronderëm den Terrain sinn, et muss een einfach äiskal seng Chancen notzen an ee Gol schéissen an d’Äis briechen. Häerzer vun de Supportere schmëlzen…
„Das Runde im Eckigen“
Koen Casteels vun 1899 Hoffenheim kuckt beim Mätsch op Schalke no ewéi “Das Runde muss ins Eckige” an den Eck flitt. Den 8. Mäerz 2014 huet hie misste véier Mol de Ball aus dem Netz fëschen. Dräimol huet de Klaas-Jan Huntelaar getraff an eemol de Chinedu Obasi. D’Foto weist den 2:0 an der 28. Minutt. 04 Minutte méi spéit huet den “Hunter” allerdéngs een Eelefmeter verschoss.
Foussball fréier an haut
D’Zäiten ännere sech. Fréier hunn d’Foussballspiller fir een Apel an ee Stéck Brout gespillt. Meeschtens hate se nach ee Beruff fir de Liewensënnerhalt kënnen ze finanzéieren. Am haitege Foussball huet sech de Sport zur Niewesaach entwéckelt. Spiller an nach méi Leit ronderëm liewen an enger eegener Welt. Merci dem Dikrecher Foussballclub fir den ale Foussballschong aus hirer Vitrinne fir dës Expo.
Geplatzten Dram
D’Rolle si kloer verdeelt an dach kënnt et aneschtes wéi een denkt. Den Underdog suergt dofir, datt hie mat sengem vollen Asaz an der onënnerbrachener Ënnerstëtzung vu senge Fans géint de grousse Favorit gewënnt an domadder säin Dram platze léisst. Beispiller ginn et méi genuch an op dëser Plaz sief un den 21. Mee 1997 erënnert. Schalke huet den Uefa-Cup géint Inter Mailand GEwonn.
Tomaten op den Aen
Wann ee verléiert ass et meeschtens dem Arbitter seng Schold. Ee kloren Eelefmeeter gëtt net gepaff, nëmmen eng giel aplaz eng rout Kaart a sou weider a sou fort. Och de mëttlerweil berüümte “Video Assistant Referee” (VAR) dréit reegelméisseg säin Deel dozou bäi, datt Ekippe sech net ëmmer gerecht behandelt fillen. An deem Sënn: An awer war et den 19. Mee 2001 kee Réckpass…
Relioun? Schalke!
Virum Mätsch hu souwuel Spiller a Fans hir eege Ritualer an et ass net verwonnerlech, datt sech de Foussball als eng Relioun gesäit. An der St. Joseph-Kierch op Schalke zu Gelsenkirchen gëtt et seguer eng ganz speziell Kierchefënster: Den Aloisius vu Gonzaga ass als Foussballspiller an de Faarwe vum Schalke 04 a mat engem Ball um Fouss illustréiert. Entworf gouf d’Fënster an de 1950er Joren.
Steht auf, wenn ihr Schalker seid…
Beim Réckspill an der Halleffinall vum Uefa-Cup géint Teneriffa am Abrëll 1997 huet de Clive Lawery fir déi éischte Kéier ganz eleng “Steht auf, wenn ihr Schalker seid” gesongen an duerno de ganze Stadion mat. D’Melodie baséiert op d’Lidd “Go West” vun de “Pet Shop Boys”. Éier de Stadion 2008 ofgerappt gouf, huet sech dës Planz op der fréierer Haapttribün säi Wee duerch de Bëton fräi gemeet.
Foussballschong un den Nol hänken
Den Erfolleg ass verblatzt. De Kierper brauch ëmmer méi laang fir sech vun de Strapazen ze erhuelen. Op der anerer Säit jonk Spiller, déi fir den Erfolleg alles opginn hunn a lo mat eidelen Hänn stinn. Zäit de Schratt an d’Realitéit ze maachen. Allerdéngs fält dat vill méi schwéier ewéi geduecht an dobäi verfänkt ee sech beim Austrieden. Aus der Dier zur grousser Welt ass ee klengt Lach an d’Liewe ginn.
